CGFP - Confédération Générale de la Fonction Publique

CGFP - Confédération Générale de la Fonction Publique Confédération Générale de la Fonction Publique – CGFP La CGFP mène son action en dehors de toute considération d'ordre politique ou idéologique.

La Confédération Générale de la Fonction Publique CGFP est une concentration d'organisations professionnelles de la fonction publique qui s'est donné pour but de défendre les intérêts sociaux, moraux, professionnels et matériels des fonctionnaires, employés publics et autres agents contractuels de l'Etat, sans distinction de sexe. Conformément à ses conceptions du syndicalisme indépendant et neutr

e, la CGFP poursuit sans relâche la réalisation d'un vaste programme d'action, qui vise non seulement l'amélioration constante de la condition professionnelle et sociale de ses ressortissants, mais prend position à l'égard de tous les problèmes de politique générale. Composée d'une soixantaine de fédérations et associations professionnelles de la fonction publique, la CGFP regroupe en tout plus de 34.000 membres, faisant d'elle le seul syndicat de la fonction publique et un des principaux acteurs de la scène syndicale au Luxembourg, reconnu représentatif sur le plan national. La fonction publique dispose en la CGFP d'un instrument syndical efficace qui, de par son envergure, son unité, sa puissance et ses moyens d'action, est en mesure à la fois de défendre son acquis et d'assurer le progrès.

🇺🇳 OIT zu Genève mat CGFP-ParticipatiounWéi all Joer, tagt déi international Aarbechtskonferenz am Kader vum OIT och dës...
11/06/2026

🇺🇳 OIT zu Genève mat CGFP-Participatioun

Wéi all Joer, tagt déi international Aarbechtskonferenz am Kader vum OIT och dëst Joer zu Genève🌍, méi präzise vum 1. bis den 12. Juni.

Offiziell Vertrieder vun der CGFP sinn den Nationalpresident Romain Wolff an den Éischte Vizepresident Claude Heiser.👥.

Als eenzegt Gremium vun de Vereenten Natioune kënnt d’Conférence internationale du Travail am Tripartite-Format beiëneen a regroupéiert weltwäit Vertrieder vun de Regierungen grad ewéi och vum Patronat an de Gewerkschaften.🤝

Zu de Schlësselthemen zielen dëst Joer :

Plattformaarbecht 💻: fir d'Rechter vun de Mataarbechter vun der sougenannter Economie numérique ze protégéieren;

Chancegläichheet ⚖️: D’Opstelle vun engem Programm, fir an der Aarbechtswelt d’Gläichstellung vun de Geschlechter sécherzestellen;

Sozialdialog🗣️ : Déi zoustänneg Kommissioun setzt sech haaptsächlech mat där entspriechender Etude auserneen ënnert dem Titel : „L’emploi et le travail décent pour la paix et la résilience“.

Den Haaptbut vun der Internationaler Aarbechtskonferenz bleift, international Aarbechtsstandardë 🌐ze promouvéieren an z’ iwwerwaachen, fir déi sozial Gerechtegkeet, grad ewéi d’Aarbechtsrecht an d’Mënscherechter weltwäit sécherzestellen.✊

✅Signature vum Tripartite-Accord✅ D’Ofkommes ass dëse Méindeg am Staatsministère a Präsenz vum CGFP-President Romain Wol...
08/06/2026

✅Signature vum Tripartite-Accord

✅ D’Ofkommes ass dëse Méindeg am Staatsministère a Präsenz vum CGFP-President Romain Wolff an dem Generalsekretär Steve Heiliger ënnerschriwwe ginn Virdrun hat d’Conférence des Comités restreinte vun der CGFP den Tripartite-Accord eestëmmeg ugeholl.

🤝 An den An vun der CGFP handelt et sech ëm en equilibréierte Kompromëss, deen déi richteg Äntwerten op déi aktuell Erausfuerderunge gëtt. De Moossnamepak enthält eng Rei zentral CGFP-Fuerderunge – vun der Präisreduktioun bei den Energieprodukter ⚡iwwer steierlech Entlaaschtungen💶 bis hin zu Verbesserungen am Beräich vum Logement.🏠

Um Index gëtt net gefréckelt ❗

D’CGFP begréisst och, datt de soziale Mindestloun erop gesat gëtt. ⬆️

💬 Mat der clause de rendez-vous, op déi sech d’Sozialpartner an d’Regierung gëeenegt hunn, ass de Sozialdialog och an Zukunft ofgeséchert. Spéitstens am Oktober wäert den neie „Comité de suivi“ tripartite siégéieren.

D’CGFP wäert déi weider Entwécklung genee am A behalen a sech weiderhi fir d’Biergerinnen a Bierger engagéieren. 👉Klickt dëse Link fir de Communiqué ze liesen: https://short-url.org/1wC20

📣 D’CGFP begréisst den Accord de principe bei den Tripartite-Verhandlungen„Et steet eis all gutt zu Gesicht, dass en Acc...
04/06/2026

📣 D’CGFP begréisst den Accord de principe bei den Tripartite-Verhandlungen

„Et steet eis all gutt zu Gesicht, dass en Accord fonnt gouf „, sot de CGFP-President Romain Wolff um Point presse. Den ausgehandelte Kompromëss weist, dass den Tripartite-Modell funktionéiert an et méiglech ass, och a schwierege Situatioune Léisungen ze fannen. 🤝

✨D’CGFP konnt hir Kärfuerderungen duerchsetzen:

💶 Steieren: De Barème gëtt un d’Inflatioun ugepasst. Op den 1. Juli trëtt e crédit d’impôt conjoncture a Kraaft mat engem Montant, deen enger Indextranche entsprécht, éier en op den 1. Januar 2027 an d'Steiertabelle integréiert gëtt.

🏠Logement: Bei der Uwendung vum super-reduzéierten TVA Taux vun 3 % gëtt beim Bau oder enger Renovatioun d’Limitt inflatiounsberengegt vu 50.000 op 100.000 Euro erop gesat, wann d'EU-Instanzen bis gréng Luucht ginn hunn. Bei de Bauspuerverträg gëtt d’Alterslimitt bei der duebeler Ofsetzung opgehuewen.

⚡Energie: Mat der Energiepräisbrems op Diesel, Bensinn, Masutt, Stroum a Gas ass enger weiderer Fuerderung vun der CGFP Rechnung gedroe ginn.

D’CGFP begréisst och d’netto Hausse vum Mindestloun, déi iwwert e Steierkredit an zwou Tranchen ëmgesat gëtt.

📊Den Index war zu Recht keen Thema op der Tripartite. Eng Indexmanipulatioun wier an eisen An en No-Go gewierscht.

D’CGFP wäert e Méindeg hire Gremien den Accord de principe ënnerbreeden.

📌 No der 3. Tripartite-Ronn huet de CGFP-President Romain Wolff um Point presse dat konstruktiv Klima vun de Verhandlung...
03/06/2026

📌 No der 3. Tripartite-Ronn huet de CGFP-President Romain Wolff um Point presse dat konstruktiv Klima vun de Verhandlunge begréisst. Ee vun den zentralen Themen, déi zur Sprooch koume, war de Logement. An deem Kontext fuerdert d’CGFP, dass bei der Applikatioun vum super-reduzéierten TVA Taux vun 3 % beim Haaptwunnsëtz (Bau oder Renovatioun) de Montant vu 50.000 op 100.000 € inflatiounsberenget ugepasst gëtt.

🎯 Eis Haaptfuerderung bleift onverännert: De Steierbarème muss direkt un d’Inflatioun ugepasst ginn, fir datt d’Leit net no all Indextranche proportional méi Steiere bezuelen.

🔥 Bei der Lutte géint déi héich Energiekäschte fuerdert d’CGFP konkret a séier Léisunge fir d’Biergerinnen an d‘Bierger z’entlaaschten.

D’CGFP bleift drun a setzt sech dofir an, datt d’Stéit sécher duerch dës Kris kommen. 🤝🇱🇺

📈Op den 1. Juni ass eng nei Indextranche a Kraaft getrueden. D’Paien a Pensioune ginn deemno ëm 2,5 % erhéicht. Dat ass ...
01/06/2026

📈Op den 1. Juni ass eng nei Indextranche a Kraaft getrueden. D’Paien a Pensioune ginn deemno ëm 2,5 % erhéicht. Dat ass eng gutt Noriicht fir déi schaffend Leit an déi Pensionéiert. D’CGFP wiert sech weiderhi kategoresch géint all Zorte vun Indexmanipulatioun. Dësen automatesche Mechanismus, deen de soziale Fridden 🤝 am Land garantéiert, däerf net op der Tripartite a Fro gestallt ginn.

💶Den Index ass kee Privileeg, mee e sënnvollt Instrument, dat d’Biergerinnen an d’Bierger virun engem Verloscht u Kafkraaft schützt.

🗣️D’CGFP erwaart sech vun den Dräiergespréicher tëscht der Regierung an de Sozialpartner Verhandlungen, déi engem echte Sozialdialog gerecht ginn.

🗞️ Nei Editioun vun der CGFP-Zeitung „fonction publique“ elo online! 📢Feierprouf fir de Sozialdialog, ëmmer méi héich Li...
27/05/2026

🗞️ Nei Editioun vun der CGFP-Zeitung „fonction publique“ elo online! 📢

Feierprouf fir de Sozialdialog, ëmmer méi héich Liewenskäschten a wichteg Froe ronderëm d’Altersvirsuerg: Déi aktuell Editioun vun der „fonction publique“ beliicht zentral Sujeten, déi den ëffentlechen Déngscht an d’Bierger am Land direkt concernéieren.

Am Mëttelpunkt stinn ënnert anerem d’Tripartite an déi kloer Haltung vun der CGFP: konstruktiv am Dialog, awer keen Accord ëm all Präis.

Mir analyséieren déi sozial Realitéit, déi sech hannert der aktueller ekonomescher Entwécklung ofzeechent – besonnesch am Hibléck op d’Kafkraaft, de Mindestloun an déi sozial Gerechtegkeet. 💬⚖️

E weidere Schwéierpunkt ass d’Pensiounsreform, déi op den 1. Juli a Kraaft wäert trieden: Wat fir eng Reegelunge gëllen an Zukunft an der Fonction publique a wourobber sollen d’Agents publics elo besonnesch oppassen? 🧓📊Sech mat Zäiten informéieren, kann entscheedend sinn.

👉 Entdeckt déi nei fp-Editioun elo online: https://short-url.org/1vNBf

D’Regierung mécht Konzessiounen – Der CGFP hire Litige bleift suspendéiertAn e puer zentralen Dossieren huet d’CSV-DP-Ko...
21/05/2026

D’Regierung mécht Konzessiounen – Der CGFP hire Litige bleift suspendéiert

An e puer zentralen Dossieren huet d’CSV-DP-Koalitioun ënnert dem Drock vun der CGFP Kurskorrekture gemaach. An de Beräicher Santé, Space-Secteur an och am Sport hu mir den Trend vun den Etablissements publics mat privatrechtleche Krittäre gestoppt.

👉Ëffentlech-rechtleche Statut am Plaz Privatiséierung duerch d’Hannerdier
👉Kloer Reegelen am Plaz e progressivt Aushielege vum statut de droit public
👉Garantië fir d’Qualitéit vu staatlechen Déngschtleeschtungen

Op hirer Assemblée générale huet d’CGFP och déi nächst Tripartite-Ronn virbereet. Am Fokus stoungen dKaaftkraaft, den Inflatiounsrisiko, d’Steieren, déi héich Energiepräisser an de Logement. D’Delegéierten fuerderen ënnert anerem eng direkt Entlaaschtung fir d’Stéit. Mat laangfristege Reformverspriechen ass kengem gehollef. 📉🏠⚡

👉 Méi Detailer ginn et an eisem Pressecommuniqué: https://short-url.org/1voGK

D’CGFP hätt et léiwer gehat, wann d’Lage vun der Natioun op en Datum no der Tripartite verluecht gi wier. Dee Moment wie...
19/05/2026

D’CGFP hätt et léiwer gehat, wann d’Lage vun der Natioun op en Datum no der Tripartite verluecht gi wier. Dee Moment wier méi Substanz an der Deklaratioun gewirscht.

D’Ried vum Premier war eng Opzielung vun alle Mesurë, déi schonn an d’Weeër geleet gi sinn. Vill vun dëse Moossname sinn ze begréissen, mee si gräifen nach net. Besonnesch déi am Logement ugekënnegt Aidë ginn aus Siicht vun der CGFP net wäit genuch. 🏠 Mir fuerderen direkt spierbar steierlech Entlaaschtungen an eng voll Upassung vun der Steiertabelle un d’Inflatioun. Waarde bis dass d’Steierreform a Kraaft trëtt, ass fir eis keng Optioun. 💶

Positiv ervirzehiewen ass, dass an der Fonction publique weider Leit agestallt sinn. Duerfir muss awer dat néidegt Ëmfeld geschafe ginn. Dozou gehéiere gutt Aarbechtskonditiounen an eng fair Rénumératioun. 🤝

D’CGFP begréisst et, dass sech de soziale Volet wéi e roude Fuedem duerch d’Ried vum Premier gezunn huet. D’Regierung muss elo awer déi nächst Wochen an de Verhandlunge mat de Sozialpartner weisen, wéi eescht hir dat gemengt ass. ⏳

🔥Optakt vun der Tripartite – Zäit fir konkret Schrëtt⚡💶D’Energiepräisser klammen. Den Alldag gëtt méi deier. Vill Stéit ...
12/05/2026

🔥Optakt vun der Tripartite – Zäit fir konkret Schrëtt⚡

💶D’Energiepräisser klammen. Den Alldag gëtt méi deier. Vill Stéit geroden ëmmer méi ënner Drock.

Bei der éischter Tripartite-Ronn huet d’CGFP kloer Fuerderungen op den Dësch geluecht :

✔️Eng temporäre Steierreduktioun
✔️Komplett Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun
✔️Nobesserunge beim Energie-Steierkredit
✔️Kompensatioune fir déi héich Energiepräisser

Mir begréissen et, dass den Index net zur Diskussioun steet an d’Tripartite sech prioritär op d’Energiekris an hir Auswierkunge konzentréiert.

D’CGFP bleift konstruktiv, mee determinéiert : En Accord ouni substantiell Entlaaschtunge fir d’Stéit wäert et mat eis net ginn. 💬✊

👉Klickt dëse Link fir de Pressecommuniqué ze liesen
https://short-url.org/1puQa

📢 Tripartite – D‘CGFP fuerdert kloer Prioritéiten a séier Léisungen Am Virfeld vun der Tripartite huet d’CGFP dëse Mëttw...
06/05/2026

📢 Tripartite – D‘CGFP fuerdert kloer Prioritéiten a séier Léisungen

Am Virfeld vun der Tripartite huet d’CGFP dëse Mëttwoch an enger bilateraler Entrevue mam Premier Luc Frieden, dem Vizepremier Xavier Bettel, dem Finanzminister Gilles Roth an dem Logementsminister Claude Meisch hir Positioun däitlech gemaach: D’Tripartite hätt vill éischter missen ufänken an dee ganzen Oflaf zitt sech onnéideg an d’Längt⏳. Wärend vill Menagen elo schonn d‘Hausse vun de Präisser spieren🛒, fänken déi eigentlech Verhandlungen eréischt Ufank Juni un.

D’Tripartite ass aberuff gi fir Léisungen ze fannen – net fir Zäit ze gewannen. Dofir musse séier konkret Moossnamen an d’Weeër geleet ginn, fir d’Bierger an d’Entreprisen z’entlaaschten🤝.

Anere staarke Message vun der CGFP: Den Index als Grondpilier vun der sozialer Stabilitéit däerf net a Fro gestallt oder verwässert ginn. ❗

Den Ordre du jour, dee vun der Regierung opgestallt gëtt, soll sech prioritär op d’Energiekris an hir Auswierkunge limitéieren, fir dass reelle Léisunge kënne fonnt ginn.

👉 Méi Detailer iwwert d’Positioun vun der CGFP an d’Virbereedungefir d’Tripartite. https://short-url.org/1urYd

Adresse

488, Route De Longwy
Luxembourg
1940

Téléphone

26 48 27 27

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CGFP - Confédération Générale de la Fonction Publique publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à CGFP - Confédération Générale de la Fonction Publique:

Partager